|
Den Dag vun der oppener Dier
Et wor eemol en Haus mat enger schéiner Fassad,
mat engem klenge Virgaart, mat mofe Schäiner um Bam.
“Pëtz mech mol!”, mä erwächt sinn ech net aus deem Dram.
Eng gëlle Fra sot: “Kommt eran!”, a mär si gaang.
Et wor ee klengt Haus mat ville koloréierten Zëmmeren,
mä dee groe Schleier wollt hir Faarwen um blénken hënneren.
D’Ambiance am Ënneren, déi wuar nawell e bësse latzeg,
well ouni Kommunikatioun ginn déi grellsten Téin och blatzeg.
De groe Schleier hat sech wéi e Film op meng Haut geluet
an op eemol hunn ech e Gefill vu Sécherheet verspuert.
Si gouf zur Sucht, déi Alldag a Liewe kontrolléiert,
alles ass liberal, mä näischt ass toleréiert.
Eng unzéiend Kraaft, wou dëse Schleier hat,
Friemer wuaren all Dag op Besuch an owes nees op der Heemfahrt.
Mä d'Heemechtssprooch gouf net oft geschwat,
do huet e roude Léiw de routwäissbloe Fändel verbrannt am Gaart.
Ee Privileg, deen een an dësem Haus ka genéissen,
datt een haut um Menu zwou Sproochen am Pass ka begréissen.
Hei schaffen déi mannst fir e sougenannten Hongerloun,
Als Dessert gëtt et schliisslech en 13. Mount.
Mä eppes un deem Schleier wuar ons schleierhaft.
D'Fro wuar, firwat ee just als Fiffi fir sou deier schafft.
Vum Schäi bedrunn, dëst wuar net d’Gerechtegkeet!
E grousse Kuch wuar do, mä d’Stécker goufen net gerecht gedeelt.
Als Bewunner beschränks de dech op dat Materiellt;
du weess zwar net, wat dobausse leeft, mä de Fernseh ass d’Fënster zur Welt.
Do koum eng statesch Figur fir d'Symbolik vun dësem Haus,
elo fille mer eis doheem, well de Fändel hänkt eraus.
Dräimol Lëtzebuerg, wéi fréier ënnert de Brongen.
Mär hunn zesumme gehal, dat huet och deemools gutt geklongen.
An eis Nonnoen an de Minnen, ouni si wier d’Haus mol net gebaut,
Respekt aus déifster Broscht, gëllt hinnen och nach haut.
|